Trails made in Luxembourg

@felixhoffe: dat klengt jo gudd. wat d'konditioun ugeet, dierft dat keen Problem sin. Kommen am Fong eischter aus dem XC a Marathon Beraich, mee ech gin awer gaeren heinansdo mei technesch Saachen fueren :)

@ müs lee: Reiderfiels?? Ass dat beim Huelmeser Schlass dei Sait??
 
Net wäit fort dervun op alle Fall. Et fiert een aus dem Besch raus op der Haardt riicht weider, bis een laanscht den Haff kennt. Da geet et riets roof, nach eng Keier riets laanscht ee Feld an de Besch, da lenks an dann steet een iergendweini um Reiderfiëls, vun deem een eng schein Vue op den Mariëndall huet. Do geet et dann riets roof op de Wee.
 
Zuletzt bearbeitet von einem Moderator:
Liebe Nachbarn aus Luxemburg, Ihr habt eine bezaubernde Landschaft!
[nomedia="http://www.youtube.com/watch?v=K0fdp0JwT44"]YouTube - ‪20110423 Luxemburg‬‏[/nomedia]
Nächstes Mal werde ich meine Tour auch vorbereiten :).
SV
 
Melle mech hei och mol zu Wuert .. Intressant Thema ! :)

Bei mir am Eck hu mer och e puer intressant an zum Deel onbekannte Saachen .. Och bessi Gebautenes.. Awer lo nit wierklech vill.. Ech hat eemol mat eisem Fierchter geschwat wéi hien déi Saach géif gesinn fir een trail mat Anlieger, drops etc ze bauen .. Hien huet gemengt, dass sou ee projet virstellbar wir.. :eek:
Ech hätt wierklech Iddi bei eis am Eck (géigend Ell, Rued etc..) eng ze starten .. Mee et feelt u Leit ! Wiere mir zu enger Dosen géif ech d'Saach positiv gesinn ..
Ech géif mech fir dat organisatorescht hierginn.. kontakt mat de Besetzer, Autorisatiounen ..

Mam Müs Lee wor ech jo well fueren an ech kéint mir virstellen dass hien säi Spuet géif auspaken .. ;)
 
Gäeren, mee am Summer sin 8 Wochen Stage ugesoot, do leeft an der Woch scho mol nix. Weekends kéint ech awer secher eng Hand mat upaaken.
 
Wéi gesait et iwerhaapt zu Sëll aus? Huen mol eng Kéier héieren gehaat dass do sollt en DH gebaut gin....as dorauser eppes gin?
 
Ech hun heieren, dass do e puer Jongen dei eng oder aaner Schanz am Besch gebastelt hun, niewt engem greisseren Koup Buedem, deen als Dirtpark hierhält. Ob daat allerdings stemmt, as eng aaner Saach.
 
Wou daat as? Daat weess keen...


Also daat waar eis Pist an duerch een Kolleg ass dan den Müs Lee dohinner komm an heen huet bessen gefilmt an mir sooten och explizit dass heen dei Videoen net op den Internet soll setzen ouni eis Erlabnis waat enn natierlech awer gemaa huet fier hei bessen Androck ze schinden !

Also op enger Seit sin ech och dofier dassen ma dei Trialen veröffentlechen mee aaner Seits waaren Mt Biker do dei deen duerch zoufall fonnt hun an d Halschend freckt gemaa hun.
An dan wans de wells dohinner fueren goen muss een nees d Halschend opbauen daat ass wierklech net sou kuhl !
 
U sou eppes kann ech mech zwar net erenneren, mee de Video as souwisou scho laang rem geläscht. Also keng Panik, ok? Am iwwregen kann dee Video net dru schold gewiescht sin, dass aaner Leit dorop opmierksaam goufen. Et konnt een nämlech zu kenger Sekonn gesin, wou daat läit oder wei een dohinner kennt.
 
Zurück
Oben Unten