Velos Händler zu Letzebuerg gesicht

Registriert
10. August 2009
Reaktionspunkte
167
Salut,

Kann eventuell mer een en Velos Händler zu Letz recommandeiren deen:

a) Net glaich motzt an frech get wann Stecker dru sin dei net bei him oder am Internet kaaft gin sin an,

b) deen tatsächlech Ahnung huet vun Mtb'en an net der Meenung ass do waer alles genee d'selwecht wei un deenen Veloen wou en fierun 20 joer dru geschrauwt huet an fiedergafelen waeren souwisou zu naischt gut.

D'waer och nach gut wann en am Zentrum wär d.h. net Eisleck, Minette oder Mousel.

Merci
 
Da kanns de den Ostergaard zu Miersch scho vergiessen. Di eenzeg, di ech kennen an di op déng Beschreiwung passen, sin den Cyclope an den Velopoint zu Tréier. Den Velopoint huet mettlerweil eng Filial zu Nidderkäerjéng, mee perséinlech Erfahrung hun ech nach keng dermat gema.
 
Da kanns de den Ostergaard zu Miersch scho vergiessen.


:D:D:D

Kuck emol weieng mark mei velo ass an ween dei zu Letz verkeeft, dann weest de wou den punkt a) hierkennt.

Hun mol en bessi am Internet gekuckt, wei ass et mam Braun vun Sandweiler? Treier wees ech dat dei gut sinn mee dat ass net grad em den Eck
 
Jo, bei mir haat en och ganz e bessen gemault ^^. Wourems geet et iwwerhaapt genau? Emstand, et kéint een et och selwer erleedegen.

De Braun kennen ech net, sorry.
 
Ma hun en fox dämpfer + fiedergaafel dran an do muss dach vun zait zu zait sou en service gemach gin, sichen eben een deen dat machen kann oder kann een dei selwer eirens aschecken?

Ausserdem iwerleen ech grad fier en neien velo ze kaafen an ech well deen an engem geschäft kaafen wou den patron eben eppes derfun kennt an net glaich mault wann ech mol pneuen oder pedalen am internet kaafen
 
D'Foxsaachen kanns de direkt un Toxoholics schécken, mee soulaang wei alles funktionéiert, géing ech et sin loossen an fueren bis et freckt. Waat allerdings näischt schued: Maach di Saachen eng Kéier op an kipp e bessen freschen Ueleg dran, dann gin se sou gut wei nach nie an brauchen soss nix méi ;).

How To: http://service.foxracingshox.com/consumers/

Fier de Rescht: Sichen... So bescheed, wanns d'ee gescheiten fonnt hues :D.
 
mee soulaang wei alles funktionéiert, géing ech et sin loossen an fueren bis et freckt.
ganz gutt ! :)

ech sinn zefridde mat mengem Dealer.. natierlech klappt och do nit alles.. déi allermeescht duerfen oder wellen nit selwer fox service'en obwuel et jo keng hexerei ass.. ech halen och déi Intervallen nit an .. wichteg ass et, dass nit zevill dreck mat ra geet an dass bannen d'schaumréng gutt gedrenkt sinn.. mee dat huet de vierriender jo schonns betount..

@mus lee e sonndeg an d'fiels op d'randonnée ??
 
Mol kucken, waat d'Hand muer seet. Ech probéieren mol mäin dretten Tour bannt 2 Méint. A wann d'Frendin verlaangert, gesin ech schwaarz :p.
 
@buteo
Schutz zu Diddeleng kann ech recommandéieren (och wann sech vill Leit opreegen dass hie keng % gett).
De Guy kennt eppes vu Veloen a fiert selwer vill a gudd. Du kriss Cube, Norco, Ktm, Intense a geschwenn nach eng aner ganz grouss Mark bei him. Mault secher net wanns de mat engem Velo kenns de net vun him ass (meng 3 läscht Bike hunn ech och net do kaf obwuel hien e gudde Kolleg ass).
Och nach e ganz gudde Shop ass de Yodabikes zu Metz (do ass mäin aktuellen hier)!

Ralph
 
Den Schutz hätt ech och lo fiergeschloen, och wann et net wierklech zentrum ass, mee diddeleng ass jo lo och net wierklech um arsch vun der welt. Ech war well puer mol do, ob just fier stecker oder direkt mam velo, an ech sin emmer fein an kompetent beroden gin, an mein velo ass och net vun do.

Beim Trisport zu niederanven war ech och eng keier mam velo, hun zwar een specialized mee net bei hinne kaaft, waren och ganz frendlech an kompetent.

Iwert den Braun kann ech och naischt soen, hun awer molg esinn dass en och hei am forum ungemellt ass, evtl einfach mol unschreiwen an kucken waat en seet.
 
Deen beschten Velosmécanicien bass du nach emmer selwer, as meng Meenung. Wanns du net grad zwou lënker Hänn hues an e bessi éierbart Geschiir klappt dat och. Dovunner ofgesin get et vill Lecture, et gët Google an youtube, do fënnst du bal alles.

Wat den Foxservice ugeet sou get et zu Tréier eng Firma déi fastforward heescht, déi sollen ganz kompetent sin an och nach en Steck méi belleg wéi Toxoholics, dovunner ofgesin kannst du och nach selwer dohinner fueren http://www.fastforward-suspension.de

Wat en Händler ugeet, nujee dat as hei am Land sou eng Saach. Virun allem huet et och mat Chemie ze din :D. Wann déi vun virran tëscht dir an dem Händler stemmt klappt den Recht och.

Ech fir main Deel haalen grouss Stecker op den stemper vun Trier Zewen well déi ganz Equipe sympatesch as an och kompetent. Beim Cycles Braun zu Sandweiler war ech och schon, an och schon mat Stëcker déi net vum Claude waren an do war den Service och tiptop.

Fir den recht kaafen ech do wou et am genschtegsten as an machen eben dann herno alles selwer. Wanns du vill an oft fiers muss du souwiesou regelméisseg no dengem Plou kucken an dofir huet et wuel keen Wert emmer bei den Händler ze laafen wann eng Kéier eppes krëckelt oder knackt.
 
merci mol fier all aer vierschlei.

@vince: Neen, 2 lenker Hänn hun ech net mee et sin eben Saachen wou een delweis spezialgeschier brauch waat mei deier ass wei einfach kuerz bei den Händler ze goen. Z.Bsp.: fier en Steiersaatz anzepressen. Do well ech net onbedengt mam Hummer drop haen.

Anner Sachen wei zum Beispiel Gaafel + Dämpfer trauen ech mer net sou richteg fier dat opzeschrauwen.

Schaltung astellen oder Bremsen entleften kann ech schon selwer man mee d'ass eben schein waan een heiansdo en kompetenten feinen Händler huet.

Ausserdem verstin ech net fierwaat den uewen genannten Händler emmer sou en Affenzauber mecht. Emmerhin bezuelen ech en jo fier d'révisioun an wann en dei Suen net well verdengen dann eben net.
 
Kuck der de Link vun Fox mol mi genau un, deen ech gepost hun. Den Dämpfer an d'Gafel ze servicen as wierklech keng Hexerei, et muss een sech nemmen bewosst sin, waat een do zwafft an mat Gefill un di Saach erugoen. Wanns de awer absolut net wells, dann dierft Sabma aus der Belge och nach eng Alternativ sin, vun deenen heiert een hei am Forum vill Guddes.
 
fier en Steiersaatz anzepressen. Do well ech net onbedengt mam Hummer drop haen.

An genee sou geet dat z.B einwandfrei. En Plastikshummer, e Steck Käffer an e bessi fett an dain Steiersaatz setzt 1,2,3 wei eng Eent.

Ech gesin do net an firwat ech deelweis fir dat duebelt u Geld soll en Steiersaatz beim Händler kaafen wann ech en online kreien an et selwer kann machen. Mais dat as jidderengem sain choix. :daumen:
 
Nujee, ech géing daat éischter mat enger Gewennstaang, zwou Mudderen an zwou groussen U-Scheiwen maan. Domat kann ee besser kontrolléieren, ob daat Déngen och riicht agepresst get.
 
Ech kann den Asport Cycling recommandeiren. An der lescht hun dei sech vun der Qualiteit vun den reparaturen staark gebessert. :daumen: Daat kennt (mengen ech) dohier, daat den mennchen deen zu veianen deen velosbuttek haat (srs cycles oder sou) loo bei hinnen schafft. Si wieren dei lescht dei giffen meckeren wann en steck drun wier waat net bei hinnen kaaft gouf, hunn een zimlech groussen stock an maachen och dei blöd aarbechten ;) Deen enzegen noodeel ass daat se fier gaafelservice an sou anschecken mussen an et doduerch bis zu 3 wochen dauert bis daat een sein steck remhuet ;)
 
Moien,

Sinn och op der sich no engem Händler mat engem gudden Mecanicien, ech denken drunn fir bei den Lombardi zu Remeleng ze goen.

Huet do een Erfahrung? As deen ze empfehlen?

Et geet drem fir d'Rieder ze zentrieren, no den Lager hannen ze kucken, eng nei Cassette asw...

Tom
 
Moien,

Sinn och op der sich no engem Händler mat engem gudden Mecanicien, ech denken drunn fir bei den Lombardi zu Remeleng ze goen.

Huet do een Erfahrung? As deen ze empfehlen?

Et geet drem fir d'Rieder ze zentrieren, no den Lager hannen ze kucken, eng nei Cassette asw...

Tom
Jo bei de Lombardi kanns de goen. Hun vill Bekannter dei bei de gin.
 
Zurück
Oben Unten