Letzebuerger, weist äer Veloën!!!

D

Deleted138492

Guest
Gudden Owend alleguer :).

Et as jo schein a gut, dass mier lo en eegenen Ennerforum hun, mee deen muss een och fidderen! Dofier weist lo mol äer Veloën, egal ob Freerider, DHler, Dirt oder Course oder CC oder AM oder waat och emmer!

Da fänke mer mol un (as awer net mei ganz aktuell, momentan fehlt eng Brems an duerno kann ech dei aaner och nach aschecken [schäiss Formula :rolleyes:]):

DSC00435.JPG
 
Salut
Hei sinn meng Veloen, een Cube AMS pro an een Cube Peloton an ech hun nach een aalen Scott Yecora deen ech zwar net mei oft brauch.
Ech fannen mir sollten eis kurz virstellen an soen vun wo mer sinn fir villeicht engkeier zesummen zefueren
Ech sinn den Marc hun 16 Joer wunnen zu Noumer.
 

Anhänge

  • PICT2458.jpg
    PICT2458.jpg
    58,9 KB · Aufrufe: 120
  • PICT2466.jpg
    PICT2466.jpg
    59,9 KB · Aufrufe: 115
  • 21052009 La Bresse (386).jpg
    21052009 La Bresse (386).jpg
    57,6 KB · Aufrufe: 127
Aktuellen Stand:

3eko6.jpg


Zu menger Persoun: Ech sin den Thierry, hun 17 Joer an sin vu Miersch. Geint en Letzitreff aus dem Forum hätt ech nix :D.
 
Salut
Ech furen een Spacialized Enduro Expert vun 2009.....ass een geile Bike awer geint schnell race Fullys geseit een bessi aal aus...bis bei deen nächsten downhill....grins...160/160 mm Fierderwee hunn awer eppes.....awer ez sinn lo Eggbieter Pedallen dropp an an eng automatisch Suedelstang fir Downhill ze furen....
MFG
Kugy

 
Salut,

Hei as mäin Stevens F9 Race vun 2005, deen awer demnächst werd duerch en 2010er Velo werd ersaat ginn. Ganz uewen op der Lëscht stinn am Moment den Ghost AMR 7500 an den Trek Fuel Ex 9, wann hei een Erfahrungen matt engem vun dësen Modeller huet géif ëch mëch iwwer all Bericht freen.

Frank

DSC00331.JPG
 
Salut alleguer
Ech sin den Claude an hun zu Sandweiler mein Bike-Shop.
Wann en vun iesch eng revisieun brauch Egaal wei en Markevelo et ass an et net zeweit vir iesch ass dir sid all welkom :daumen:
Meng favoriten sin natielech Ghost an Liteville dei esch exclusiv vir Letzebuerg an allentour verkaafen.
Fotoen setzen ech awa elo keng hai hin soss as den Forum direkt voll :cool:.
Kukkt och mol vir eng rondo.bei den kollegen eran
soulbikers.lu
pacemaker.lu
:love:
 
Salut Mus Lee
Hun 1 hai

Cadre 901 Large ( avec amorti. DT swiss 170mm ) 2.380.-
Fourche Fox Vanille RC2 Fit 1.5 pouce (160mm ) 1.150.-
Roues Mavic Crossland avant 20mm arriere 12mm 390.-
Freins Avid Elixir R 200mm Disc. 440.-
Groupe XT 590.-
Pneus et Chambre a air Schwalbe Fat Albert 2,4 120.-
Guidon Syntace Vector 318 139.-
Potence Syntace Force 1.5 129.-
Selle Italia Yutaak TI. 149.-
Pedales a voir ?? ---------------
5.487.-
Am preis ass awa en bessen spillraum
:daumen:
Komm eng keier kukken.
 
Sin Schefflenger an fueren och meechtens och do ronderem. Wunnen 300m vum Besch eweg.
Scheffleng, Esch, Kayl, Diddeleng, Remeleng, Bieles sin sou main 'Reveier' :)
Den Minett bidd einfach alles waat een als MTB'er brauch. Et keinten just mei lang Descenten do sin, mee bon.

Sin awer natierlech och net ofgeneigt op aner Platzen ze fueren ;)

Serge
 
Et as eng Zeit hier do war ech mol am Minett mat engem Kolleg - super Wéer, d'Landschaft as wirklech top fir MTB!

Engkéier zu Diddeleng/Kayl/Rëmeleng an engkéier zu Scheffleng.

Leider sin ech net kënneg genuch an ouni "Guide" verfiert een sech gären.
 
Also mär kennen eis gären eng keier zusummen din an en Tour am Minett machen.:daumen:
Ech sin lo keen Conditiouns-Monster, eischter Fun-Biker. Fueren gären bessi mei technesch Saachen an Descenten. Touren bis 40km sin och ok. Hängt eben dovunner of waat een fiert. Wann een mei spillt an murkst, dann geet den Jus net mei duer fir vil Kilometer'en ze drecken.

Sin vill mam rabidi hei aus dem Forum ennerwee. As och en Schefflenger.
 


Uploaded with ImageShack.us

Hei mol mein, amfong naischt extraes. Ass bis op d'pneuen sou wei en Händler rausgerullt ass.
@redstone: wei eng sueddelstang hues de do op dengem eischten Velo? Ass dat eng automatesch? Spillen schon mei lang mam Gedanken fier och eng ze kaafen mee trauen der Saach net richteg, di schengen jo net ganz laang ze haalen
 
Zurück
Oben Unten