Trails made in Luxembourg

Schëller auskugelen as extremst oncool an deed nawell relativ aua, mais wann naischt futti as setz de geschwenn rem um Velo :daumen:

Dann eng gudd Besserung.
 
Mam Aua as et nach gaang, muss ech soen, waat wuel un mengen zimlech labberen Gelenker läit. D'Scheller huet baal nemmen dann weigedoen, wann ech den Aarm beweegen wollt. Ob eppes weider freckt as, as nach net gewosst, en Denschden as IRM an dann gesi mer weider. Mee ech denken, ech haat do zimlech Chance, do hätt ech mer och alt eppes keinten briëchen.
 
Gesait no Spaass aus. As bestemmt besser et wees keen wou dat as well soss steet et net méi laang, et gin vill domm Léit op der Welt? Mir kannst de et awer soen :D:D:D
 
Am Mëllerdall gouf dach emol eppes ähnleches ugefaang ...
Ech gleewen zwar elo kaum dass hei den Fieschter ob IBC ass :-)

Esoufill Konstruktiounen bleiwen zwar souwisou net laang "onentdeckt" ... mee flait get et jo och vum Fiechter toleréiert?!

Froen iwer Froen, allerdengs géif ech och gaeren wessen wou et ass!
Schliesslesch sin mer hei um IBC net zu 100 Letzebuerger...
Wann mir mat daer do Astellung zu Scheffleng fiirgaangen wiren, dann wir do haut nach nix!

y
 
Den greissten Deel vun den Konstruktiounen sin souwisou op Privatterrain, do huet et den Fierschter net ze kraatzen. Wei et mat deenen aaneren as... et weess een et net genau. Op alle Fall huet sech nach keen beschweiert.
 
lo furen ech schon sou laang MTB a kennen keen vun deenen weer, an ech mengen et kann en hei och soen wou se sinn, sou eppes mëscht just am Ausland sënn wou d strecken iwwerfëllt sinn, hei hun ech na ni vill leit begéint souguer op den Standard MTB strecken dofir^^ jiddereen géif sech freeën nei trails kennen ze leiren. also ech mol hehehe
 
Zurück