Trails made in Luxembourg

Aha, vu wou bas du dann? Sin der do zoufälleg drenner, dei ouni ze froen dohinner fueren gin? Ech kruut nämlech schon eng Keier een Uschass, well onbekannt Spueren op de Schanzen waren an de Besetzer geduecht haat, ech wier ouni Erlaabnis do ennerwee gewiescht...
 
Ech si vun lentgen. Nee, souweit ech wees net. Ech sin zoufälleg eng keier mat engem Kolleg do lanscht komm. Vun deenen Leit mat deenen ech ennerwee sin ass keen deen sech traut doriwer ze fueren (ech och net mei).

Dat leisst sech net éviteiren wanns de sou eppes baus dat et eben awer eng keier an der Geigend bekannt get. An wann et nemmen am Duerf ass, geet dat duer dat eng keier en puer Kanner och dohinner probeiren kommen.

Doriwer raus get et schweier fier Sachen an den Besch ze bauen, op en Terrain deen net als privat markeiert ass an der dann ze erwaarden dat jidereen deen do eng keier well probeiren freet.

Ech hun freier och mat Kollegen sou Sachen bei eis am Besch gebaut an dat ass nun mol zu letzebuerg sou dats de dann inevitabel Stress mat Leit Kriss. Entweder mat den Jeer dei sech hei wei d'Härren vum Besch fillen an sech sou opfeiren oder eben mat anneren Leit.
 
Jo, daat as kloer, mee wie heescht et sou schein: No dig, no ride. Do sollt sech menger Meenung no mei dru gehaalen gin oder weinstens d'Eeër hun, eng Keier heiflech ze froen.
 
Aha, an wouhier wells de wessen ween do ze froen ass? Verstei mech net falsch, ech sin d'accord mat der mee du kanns der einfach et erwaarden dat et sou geet.

An wees de waat nach "besser" ass: wann do een sech zolit wei deet an et ass en privat terrain kanns de och nach fierun Gericht an d'Paan geklackt gin.
 
Ma dann emfreet een sech. An Zäiten vun Facebook an Foren asw. as et u sech kee grousse Problem, den Besetzer oder weinstens een, deen Bescheed wees, ze fannen.

Jo, daat mat der Haftung as ee grousse Problem. Et misst een Zonk rondrem de Grond gebaut gin, dann keint een hinnen nämlech guer näischt, wann eng Keier eppes sollt gescheien.
 
Hei ass letzeberg, do daerfs de guer naischt einfach sou....

Du daerfs an de Besch net einfach sou en zonk bauen weinst dem Weld (also eischter weinst den Jeer). An wann ech mech richteg erenneren kann, steet bei dem site an der geigend en Hochsitz d.h. et wier wahrscheinlech seier een do fier ze granzen weinst deem Zonk
 
Oh, wei wann dei blöd Viecher do net keinten rondremtreppelen, sou grouß as daat Steck jo lo och nees net. Mee gut, geint d'Bürokratie kennt een jo net un. Vläicht loossen se daat och besser sin, net dass se häerno nach den Vullegast am Geneck setzen hun :p.
 
Awer poulriicht :daumen:. Jo, daat war daat Steck. Wann ech Loscht an Eër genuch hun, probeieren ech et nach eng Keier.
 
Wann iergendwou heim am Land gebastelt get, ech do laanschtfueren, an de Buttek och nach halbwegs ordentlesch zesummegeschoustert ass, dann testen ech dat Geschiir och mol, firwat soll ech mer dann d'Méi maachen, do iergendeen em Erlabnis ze froen? Wou sin mer dann?
Wann ech déi Leit begéinen soen ech hinnen hechstens "héi, cool wat der do gebaut hut, tiptop, weider sou..." Naicht géint dech, mee wann maer déi doten Astellung gehaat hätten, da géif lo zu Schëppleng net fill stoen...
 
Jidderengem seng Astellung, mee wann daat op privatem Terrain steet, hues du einfach absolut näischt do verluer. De Besetzer (bzw. du selwer!) kann domat an deck Schwieregkeeten kommen.
 
Du hues leider naischt verstanen. Den Yggi well domadden soën dass een eppes wat gudd gemach as och kéint fir aner Léit déi deen Sport bedreiwen interessant sin. Soss scheppt jiddereen sain Kéipchen fir sech an kuckt dass nëmmen keen aneren MTBler och nemmen an Géigend dervunner kënnt.

Oh, wei wann dei blöd Viecher do net keinten rondremtreppelen, sou grouß as daat Steck jo lo och nees net. Mee gut, geint d'Bürokratie kennt een jo net un. Vläicht loossen se daat och besser sin, net dass se häerno nach den Vullegast am Geneck setzen hun :p.
Deen Post deens du gemeet huet seet alles iwer dech aus ;-)
 
Erklär mer mol wannechglift, waat ech do anscheinend net verstaan hun :confused:. Et deet mer jo fuerchtbar leed, mee di rechtlech Situatioun as eben sou, dass een op engem privaten Terrain ouni ausdrécklech Erlaabnes vum Besetzer näischt ze sichen huet, egal ob do een Zonk rondrem gezunn gouf oder net. Wann daat Gebauten sou gut gemaach as, dass een onbedengt well drop fueren, dann misst een wuel och genuch Gehier beweisen an sech eng Erlaabnes froen. Ech verstin dei Leit ganz gut, dei NET wellen, dass ouni hieren Accord op hieren Spreng an hierem Terrain sech Persounen rondremdreiwen, enner Emstänn Knascht hannerloossen an den Bueden duerch miserabel Fuertechnik emgruewen. Zwar kennt daat och vier, wann de Besetzer derbäi as, mee dann kann en den Verantwortlechen direkt uschwätzen an drop hiweisen.
 
Et deet mer jo fuerchtbar leed, mee di rechtlech Situatioun as eben sou, dass een op engem privaten Terrain ouni ausdrécklech Erlaabnes vum Besetzer näischt ze sichen huet, egal ob do een Zonk rondrem gezunn gouf oder net

Bon dat hei get eng Grondsatzdiskussioun déi Sënnlos as.

Ech mengen du hues dir dann awer deen falschen Sport ausgesicht well wéi ech uewen schon geschriwen huen fiirs du zu 99% vun der Zait op privatem Terrain hei zu Letzebuerg, ech gin stark dervunner aus dass du net am Viraus all Propriétaire em Erlabnis frees wann's du en Tour préparéiers ;)

Mais looss et einfach gudd sin :daumen:
 
Dei Weeër, dei ech greisstendeels fueren, sin Wanderweeër, ergo och ouni Erlabnes zougänglech.
 
Hmm, an wat ass dann ëlo op engem Wanderwee, op den e puer Bouwen eng Schanz gebaut hun, oder flait esouguer een Anlieger an enger Kéier, chop chop?

Hmm, du fiirs dann schéin brav laanscht? Oder wëlls de do och um Internet nom Baumeister sichen? An wem soll dat Steck Terrain dann och gehéieren? Flait wir et besser ganz vum Vëlo ze klammen, fiirsichtëg laanscht ze trëppelen, opzepassen keng Seejomes ze zertrampelen...

Ech verstin dei Leit ganz gut, dei NET wellen, dass ouni hieren Accord op hieren Spreng an hierem Terrain sech Persounen rondremdreiwen, enner Emstänn Knascht hannerloossen an den Bueden duerch miserabel Fuertechnik emgruewen.

Do lait éichter d'Laich vergruewen... déi miserabel Fuertechnik ass nees Schold un allem, ZeZeZeZe

Roude Kaabes reng schneiden, am Fett ubroden, e Schotz Esseg drop fir dass en seng Farf behällt an da vill Aeppel derbäi fir de gudde Gôut. De Kaabes nët ze lang goe lossen, e soll nach e bësschen krupseg bleiwen.

So long,
yggi
 
Hmmm, gut Fro!

1277609332587nues.jpg
 
@ felixhoffe: wou fannen ech d'fleibuer, resp. wei kann ech dat an engem Tour do an der Geigend kombineieren??

@ müs lee: deen eischten Deel vum Video kennen ech all ze gudd, war allerdings lo eng Zaitchen net mei do a kann mer virstellen, dass de Reen do gudd ausgespullt huet :) Mee wou ass deen 2.ten Deel vun dengem Video (ab Descente Hunnebuer)???
 
@ felixhoffe: wou fannen ech d'fleibuer, resp. wei kann ech dat an engem Tour do an der Geigend kombineieren??

Ma deen kann een ganz gudd mat engem tour vun oder bis op dikrech kombineiren. Wanns de aus der buurschter geigend kenns, kanns de op d'fleibour rop fueren (Bei den Baurenhäff vun der famill mathay laanscht). Wanns de vun dikrech kenns, kanns de hannert dem sidec eroof (och een flotten wee, dann die aal nordstroos erop, bei der busentreprise meyers geet erem een wee roof (et kennt een am willspull eraus (opgepasst een vun deenen schweiersten trailen iwwerhaapt) an dann kann een erem iwwer mechela erop op d'fleibour an fier den oofschloss deen wee eroof :daumen: geet awer und konditioun ;)
hoffen ech konnt der den wee bessen explizeieren ;) wanns de nach hellef brauchs kanns de emmer froen :D
 
Zurück
Oben Unten